Steinach ass eng éisträichesch Gemeng an Uertschaft am Bezierk Innsbruck am Tiroul.
Si läit am Wipptal 25 km südlech vun Innsbruck, direkt an der Entrée vum Geschnitztal.
Tourismus
Eng sëllege Wanderweeër, Velosweeër, Almen a Bierghäipe gëtt et an der Ëmgéigend.
Steinach ass Wanter wéi Summer eng Touristendestinatioun.
Eng Seelbunn féiert op d'Bergeralm op 1.050 m Héicht.
Infrastruktur
Steinach huet en Uschloss un d'Brennerautobunn.