Star Wars: Episode IV - A New Hope
Star Wars spéider ëmgedeeft a Star Wars: Episode IV - A New Hope ass en US-amerikanesche Film vum George Lucas aus dem Joer 1977. En ass de 25. Mee 1977 an den USA an de Kino komm. Dëse Film huet am Joer 1978 sechs Oscare kritt an et ass ee vun deene Filmer, déi am meeschte Suen abruecht hunn an ass d'Basis fir déi ëmfangräichst Franchise an der Filmgeschicht. Ursprénglech soll d'Star Wars Rei eng Trilogie ginn, vun där "Star Wars" den éischten Deel sollt sinn. Nodeem de Lucas d'Rei no enger laanger Paus vu 16 Joer erweidert huet, ass de Film wéinst der chronologescher Logik op déi véiert Plaz gerutscht. Dofir ass 1997 de Film ënner dem Numm Star Wars Episode IV: A New Hope verëffentlecht ginn. Mat Hëllef vun der aktueller Filmtechnik ass de Film mat e puer Spezialeffekter erweidert ginn, an déi Zeenen, déi am Original mat Maquetten duergestallt goufen, goufe mat computergeneréierten Zeenen ersat. Wéi de Film am Joer 2004 op DVD verëffentlecht gouf, ass en nach eng Kéier digital beaarbecht ginn. Déi Versioune sinn e puer Minutte méi laang. D'Special Edition vun 1997 an d'original Kinosversioun sinn 2006 als Limited Edition DVD erauskomm. Um Spaweck
Information related to Star Wars: Episode IV - A New Hope |