De SALT gouf no engem präisgënschtege Konstruktiounsprinzip gebaut, bei deem den Haaptspigel deen aus 91 eenzele Segmenter besteet an en Duerchmiesser vu ronn 11 m huet, wärend der Observatioun roueg steet. Dofir verfollegt ee méi klengen „Tracker“ d'Beweegung vum Himmel. D'Liichtsammelkraaft entsprécht där vun engem konventionellen Teleskop vu ronn 9 Meter Haaptspigelduerchmiesser. En huet grad wéi den Hobby-Eberly-Teleskop, e festen Héichtewénkel a léisst sech also nëmmen am Azimut beweegen.
Um SALT si Fuerschungsinstituter aus Südafrika, Polen, den USA, Däitschland, Groussbritannien an Neiséiland bedeelegt. Am Mee 2005 gouf dat lescht Spigelsegment agesat an am September goufen éischt Himmelsfotoe publizéiert. D'offiziell Aweiung war den 10. November2005. D'Bildqualitéit louch allerdéngs am Ufank ënner den Erwaardungen a war eréischt no Reparaturen am Joer 2010 zefriddestellend.[1],[2]