d'Photosphär (griich. Liicht-Kugel) – déi iewescht 300 km vun der Sonnenuewerfläch, vun där déi meescht Energie (als Liicht, UV an Infrarout) ofgestraalt gëtt, déi awer och Sonnegas a Form vun
Koronograph – een Instrument fir d'Miessung vun der bannenzeger Korona. Duerch eng Kegelblend a speziell Filtere gëtt déi hell Sonn ewech gespigelt, wouduerch eng Aart kënschtlech Sonnendäischtert entsteet.
Spektroheliograph – fir Hierstellung vu Sonnebiller an engem enke Spektralberäich. Vum Spektrum gëtt duerch eng optesch Spléck, de Monochromator, eng gewësse Wellelängt erausgefiltert. Beweegt een d'Spléck iwwer d'Sonnebild, kritt ee mat engem Fotodetekter ee Scan vun der Sonn an der gewënschtener "Faarf" respektiv Schichtdéift.