Sidney Poitier
De Sir Sidney Poitier, KBE, gebuer den 20. Februar 1927 zu Miami a Florida, a gestuerwen de 6. Januar 2022, war en bahamaesch-US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur. Hie war deen éischten afroamerikanesche Schauspiller, dee fir eng Haaptroll en Oscar kritt huet. Liewen a WierkDe Poitier ass ursprénglech vun de Bahamas, wou en och opgewuess ass. Hien ass zu Miami op d'Welt komm, well seng Eltere grad do op Besuch waren. Mat 15 Joer hu seng Elteren en op Miami bei säi Brudder geschéckt. Mat 18 Joer goung en op New York, wou en ufanks zu Harlem beim America Negro Theatre matgespillt huet. Vun do aus huet hien et op de Broadway gepackt. 1950 huet den Hollywood-Produzent Darryl F. Zanuck hien engagéiert. De Poitier war deen éischte schwaarzen Amerikaner, deen Haaptrollen an Hollywood-Filmer gespillt huet. Besonnesch an den 1960er Joren hat hie grousse Succès, an huet an den 1970er Joren ugefaangen, selwer Regie ze féieren. Vill vun de Filmer, an deenen e matspillt, hunn Erscheinungsforme vum Rassismus an den USA als Sujet oder Hannergrond, wéi z. B. Guess who's coming to dinner, They Call me Mister Tibb oder In the Heat of the Night. 1964 krut de Poitier fir seng Roll a Lilies of the Field den Oscar als bescht Haaptroll. 2002 krut en den Éierenoscar fir säi Liewenswierk. Filmographieals Schauspiller
Filmer als Regisseur
Literatur
Um Spaweck
Information related to Sidney Poitier |