Seven Cities of Gold ass en US-amerikanesche Film vum Robert D. Webb aus dem Joer 1955 mam Richard Egan a mam Anthony Quinn an den Haaptrollen nom Roman The Nine Days of Father Serra vun der Isabelle Gibson Ziegler.
Ëm wat geet et am Film?
De spuenesche Franziskanerpater Junípero Serra reest 1769 mam Kapitän Gaspar de Portolà senger Expeditioun an dat haitegt Kalifornie mat. Wärend de Serra probéiert, gutt Relatioune mat den autochtone Leit do opzebauen, sinn dem Cortola seng Männer op der Sich no legendäre Goldstied. Wéi engem Indianerchef säi Meedchen duerch engem Spuenier seng Schold déitlech verongléckt, ass et eriwwer mam Fridden...
Um Spaweck