Dee vum Jet Propulsion Laboratory entwéckelte Seasat sollt d'Benotzbarkeet vun Technologië fir d'Äerdfuerschung demonstréieren, déi bis dohin nëmme fir interplanetar Raumsonde benotzt goufen. D'Missioun bestoung aus fënnef Experimenter: engem Radar-Altimeter, engem Mikrowelle-Scatterometer, engem Mikrowelleradiometer, engem Radiometer am Beräich vum visuellen an infraroudem Liicht souwéi fir d'éischt bei engem Äerdfuerschungssatellit e Synthetic Aperture Radar (L-Band, Wellelängt/Frequenz: 23,5 cm/1,275 GHz als Haaptinstrument. Seasat war domat e Pionéier fir Missioune wéi TOPEX/Poseidon, QuikSCAT oder Jason. Eng verbessert Versioun vum Radaraltimeter gouf op dem Geosat gestart.
Resultater
De Seasat hat ënner dem Urwald vu Guatemala d'Kanäl, déi de Mayaen d'Landwirtschaft fir d'Versuergung vun hire grousse Stied erméiglecht hat, entdeckt .[1] De Seasat konnt och déi vu gedauchten U-Booter fabrizéiert Welle mat sengem SAR-Radar noweisen.[2]