Schlirbech (Sauer)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Schlirbech, Niewefloss vun der Sauer. Fir déi déi an d'Dirbaach leeft, kuckt wgl. Schlirbech (Dirbaach).
Schlirbech
D'Schlirbech tëscht Bidscht an Heischtergronn
Längt 6 670 m
Hydrographesche
Baseng
Rhäinbaseng
Originn
Originn Quell
Plaz Heedeknippchen
(Rulljen)
Héicht 452 m
Koordinaten 49° 57’ 15.8’’ N 05° 55’ 33.6’’ O
Konfluenz
Leeft an Sauer
Plaz Heischtergronn
Héicht 262,5 m
Koordinaten 49° 54’ 17.8’’ N 5° 57’ 19.0’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Éislek

D'Schlirbech ass eng Baach am Éislek an en Niewefloss vun der Sauer.

Si entspréngt op 452 m op der Heedeknippchen bei Rulljen. D'Baach ass ongeféier 6,670 km laang a fléisst a südlecher Richtung. Dobäi leeft se duerch d'Uertschaft Bidscht.

Op 262 m i. NN, am Heischtergronn, leeft s'an d'Sauer.

Niewebaache sinn d'Palbich, d'Schalbech, d'Dirbaach an d'Delmeschbaach.

Kuckt och