Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schlëssel fir op Schlässer. Fir aner Bedeitunge vum Begrëff, kuckt wgl. Schlëssel (Homonymie).
E Schlëssel gëtt benotzt, fir e Schlass op- an zouzespären. Dofir gëtt en duerch e Schlëssellach an d'Schlass gestach, an da gëtt um Schlëssel gedréint.
E Schlëssel un enger Dier (zum Beispill Hausdier, Autosdier, oder Schafendier) gëtt benotzt fir sech géint Abréch ze schützen a fir den Zougank zu deem wat hanner der Dier ass ze kontrolléieren.
Haut si Schlëssele meeschtens aus Metall, se kënnen och elektronesch sinn a wéi e Sender funktionéieren, wéi déi meescht Autosschlësselen hautdesdaags déi d'Dier op-an zouspäre wann een op e Knäppche vum Sender dréckt oder och wéi de Keyless Go. Kaartentranponderen oder Magnéitsträifekaarte kënnen och als Schlëssel gebraucht ginn.