Saint-Juvin ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est am Dall vun der Aire.
Fréier war Saint-Juvin iwwer d'Gare Marcq-Saint-Juvin déi um hallwe Wee tëscht Marcq a Saint-Juvin stoung un d'Eisebunnsnetz ugeschloss. Zwou Strecken hunn d'Gare zerwéiert, an zwar d'Streck Marcq-Saint-Juvin - Baroncourt an d'Streck Challerange-Aubréville. De 24. August 1995 gouf d'nodeems scho jorelaang keen Zuch méi do gefuer ass, d'Bréck vun der Départementale 42, déi nieft der Gare iwwer d'Gleiser gefouert huet, gesprengt.
Kuckeswäertes
- Déi fréier Minoterie Tristant
- Déi befestegt Kierch aus der Mëtt vum 17. Joerhonnert déi als Monument national klasséiert ass. A puer Miwwelstécker an der Kierch sinn och klasséiert, sou wéi d'Statu vum Saint-Juvin, den Dafsteen an eng Statu vum Saint-Roch.
Kuckt och