Saint-Denis, och nach Saint-Denis-en-Broqueroie genannt, ass eng Uertschaft a Gemengesektioun an der belscher Gemeng Mons.
Bis zur Fusioun mat der Gemeng Obourg am Joer 1964 war Saint-Denis eng eegestänneg Gemeng déi aus den Uertschafte Brisée, Brocqueroie, Bruyères a Vignette bestanen huet. Déi fusionéiert Gemeng Obourg huet dunn den 1. Januar 1972 mat Mons fusionéiert.
Geschicht
An der Geschicht ass Saint-Denis bekannt wéinst der Schluecht vu 1678 déi sech do de 14. an de 15. August am Dall vum Obrecheuil ofgespillt huet.
D'Abtei Saint-Denis-en-Broqueroie huet laang eng wichteg Roll am deegleche Liewe gespillt, bis se bei der franséischer Revolutioun zougemaach gouf. Duerno war vun 1804 bis 1958 eng Kottengsspënnerei an de Klouschtergebaier.
Biller