Den Ursprong vum Stärebild geet warscheinlech op e fréiert Reidervollek zeréck, a gouf vun de Sumerer iwwerholl.
Bei de Babylonier verkierperen d'Stären Pabilsag, e Gott mat engem Léiwekapp a Flilleken.
Fir d'Egypter an d'Inder stellt d'Stärebild e Reider oder e Bouschëtz duer.
Bei de Griichen an der Antiquitéit existéieren ënnerschiddlech Deitungen. Sou gesäit een doran e weideren Zentaur Centaurus um Himmel oder de Krotos, e Mënsch, deen d'Konscht vum Bouschéissen erfonnt huet.
De Schëtz gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller, déi vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
Am Joer 1932 huet de Karl Jansky am Sagittarius eng staark Radioquell entdeckt, de Sagittarius A*. No dem haitege Fuerschungsstand handelt et sech dobäi ëm ee supermassiivt Schwaarzt Lach mat ongeféier 3,7 Millioune Sonnenmassen am Zentrum vun der Mëllechstrooss.
Den hellste Stär am Schëtz ass den ε Sagittarii. E "steet" op enger Distanz vun 145 Liichtjoer an ass e bloe Risestär mat der 250facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Am Teleskop erschéngt hien als Duebelstär. An engem Ofstand vun 3,3 Bouminutte gëtt e Stär vun der 7. Gréissteklass siichtbar. Et handelt sech allerdéngs net ëm ee Stäresystem. Déi zwéi Stäre leien, vun der Äerd aus gesinn, an der selwechter Richtung.
Den Numm Kaus Australis ass aus dem laténgeschen an arabeschen zesummegesat a bedeit „Südleche Bou“.
De σ Sagittarii, och e bloe Ris, läit op enger Distanz vun 245 Liichtjoer.
Den Numm Nunki geet op de Gott vun der Sumerer zeréck.
De ζ Sagittarii dréit op enger Distanz vun 89 Liichtjoer. Et ass e Stär dee wäiss liicht, vun der Spektralklass A3.
Den Numm Askella bedeit „Achsel“ (vum Schëtz).
Deen orange γ2 Sagittarii ass 96 Liichtjoer ewech a gehéiert der Spektralklass K0 III un.
Den Numm Alnasl kënnt aus dem arabeschen an heescht sou vill wéi „Feilspëtzt“.
Den α Sagittarii ass net, wéi meeschtens, den hellste Stär vum Stärebild, mä nëmmen e Stär vun der 3. Gréissteklass. Hie steet op enger Distanz vun 170 Liichtjoer. Säin Numm Rukbat kënnt aus dem Arabeschen a bezeechent de „Knéi“ vum Schëtz.
Am Schëtz kann ee vill niwweleg Objete gesinn. 15 Stéck huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog (Messier-Katalog) opgeholl. De Schëtz ass domat dat Stärebild mat deene meeschte Messierobjeten.
D'Stären, d'Gas- an Donkelwolleke vun der Mëllechstrooss verspäeren allerdéngs d'Siicht op weider Objeten, déi méi wäit ewech leien. Dofir ass am Schëtze nëmmen eng hell Galaxie ze gesinn.