Russinesch (русиньска бесїда oder русиньскый язык) ass eng Grupp vun ostslaweschen Dialekter, déi an de Karpaten am Grenzgebitt vun der Ukrain, Polen, der Slowakei, Rumänien a Serbien geschwat ginn. Si ass enk Famill mam Ukraineschen. D'Fro, ob d'Russinesch als eng selbstänneg Sprooch oder en ukraineschen Dialekt ugesi muss ginn, ass politesch héichkomplizéiert a kontroverséiert. D'Russinesch ass eng vun den offizielle Sproochen an der Vojvodina (Serbien) an huet de Status vun enger Minoritéitssprooch a Polen an an der Slowakei. Zesummen hunn d'russinesch Dialekter ëm déi 623.000 Spriecher.
Déi bedeitendst russinesch Dialekter sinn:
Lemko-Russinesch oder Rusnakesch (Polen, Slowakei)