A sengem private Liewen hat de Roy Orbison an den 1960er Jore vill Pech. 1966 ass seng Fra Claudette, mat där en 11 Joer bestuet war, bei engem Motosaccident ëm d'Liewe komm. Zwee Joer méi spéit sinn zwéi vu sengen dräi Jongen bei engem Feier a sengem Haus beim Old Hickory Lake am Tennessee mat verbrannt.
Mat senger zweeter Fra Barbara huet hie sech de 25. Mee1969 zu Nashville bestuet.
Säin éischte groussen Erfolleg op Disque war Ooby Dooby. Bis 1966 hat hien du ganz grousse Succès mat Lidder wéi: Only the Lonely, Running Scared, Crying, Blue Bayou an Oh, Pretty Woman.
Vum Roy Orbison huet een an de 70er Joren net méi vill héieren. An den 80er Jore goung et dunn erëm biergop.
1980 krut hien zesumme mat der Emmylou Harris de Grammy Award fir déi Best Country Performance by a Duo or Group with Vocal fir d'Lidd That Lovin' You Feelin' Again.