De Roude Pëtz war e Pëtz an der Stad Lëtzebuerg. E gouf ëm 1740 ugeluecht, fir d'Festung Lëtzebuerg mat Drénkwaasser ze versuergen. Dofir gouf e 64 m déiwe Schacht an de Sandstee gesprengt. Ronderëm de Pëtz war e klengen Tiermchen aus rouden Zillen, wouduerch de Pëtz säi Spëtznumm krut. E war op der Plaz, wou d'Lantergässel an d'Groussgaass zesummekommen. Nom Londoner Vertrag 1867 gouf en ofgerappt[1].
D'Waasser gouf mat 2 Fässer, déi jee 108 Liter konnte faassen, un engem Hanfseel eropgezunn. Dëst geschouch mat Hëllef vun engem Trietrad, dat vun Zaldoten, déi eng Strof ofzedrummen haten, un d'Dréine bruecht gouf a sou d'Seel ronderëm eng Wann op-, respektiv ofgewéckelt huet. All 10 Minutten ass sou eng Charge Waasser eropgezu ginn[2].
Haut ass vum Roude Pëtz just den Numm Rescht bliwwen. Op der Plaz gouf 1982 e Sprangbuer opgeriicht, op deem eng Grupp Figuren - 4 Museker, 5 Schof an 2 Kanner - en Hämmelsmarsch duerstellen. D'Skulpture si vum Wil Lofy, dee sech selwer an enger vun de Figuren (dem Akkordeonist) veréiwegt huet.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hämmelsmarsch-Buer.
Biller
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ Henri Beck: "La Grand-Rue depuis le temps des Romains artère de passage et lieu de rencontres." In: ons stad 86/2007, S.8.
- ↑ Anne Schmit: 'Warum... es den Roude Pëtz gibt. telecran.lu. archivéiert
Plazen an der Stad Lëtzebuerg (Place an awer och Plateau, Rond-point, Square, ...) |
---|
|