De Rolf Wolfshohl, gebuer de 27. Dezember 1938 zu Köln, a gestuerwen de 18. September 2024, war en däitsche Vëlossportler. Wärend senger Karriär an de 1970er an 80er Joren, war hien ee vun de beschte Vëlossportler aus Däitschland.
Jugend an Ausbildung
De Rolf Wolfshohl ass am Kölner Staddeel Bucheim opgewuess. Wärend dem Zweete Weltkrich gouf d'Famill - d'Mamm mat zwee Kanner - no Jena evakuéiert. Säi Papp ass an de leschte Krichsdeeg gestuerwen. 1947 ass d'Famill zeréck no Köln geplënnert. Mat 14 Joer huet hien eng Léier als Mechanist an der Deutz-AG ugefaangen. All Dag ass hie man Vëlo op d'Aarbecht gefuer. Als de Wolfshohl gefuer ass, huet hie gesinn, datt den RC Tempo Mülheim op der Merheimer Heide trainéiert, an huet ugefaange sech fir Vëlossport ze begeeschteren. Deemools huet hien als onsportlech gegollt. Mat en enger gelounter Ausrüstung huet de Wolfshol sech dem Veräin ugeschloss.[1] Säi Virbild war de Jupp Arents, däitsche Meeschter vun 1938, ënner hien de Wolfshol och trainéiert huet.
Sportlech Karriär
1956 gouf de Rolf Wohlfshohl däitsche Jugendmeeschter an der Stroosse-Cours, zwee Joer drop, däitsche Meeschter vun der Elite am Cyclocross. Den Otto Weckerling, Chef vun der Dortmunder Sechs-Deeg-Course, wollt de Wolfshohl op d'Bunn huelen. Wärend senger eenzeger Sechs-Deeg-Course huet hien opginn, a sech vun do un op d'Querfeldeinrennen konzentréiert. Fir eng méi intensiv Beschäftegung mat dem Querfeldeinsport war hie laang Member am lëtzebuergesche Veräin UC du Nord, an ass vill Coursse zu Lëtzebuerg gefuer. Als Amateur huet hie 1959 mat der belscher Limburg-Rundfahrt ee vun de bedeiteste Coursse an der Belsch gewonnen.
D'gréisst Zil vum Wolfshohls war eng Victoire bei der Tour de France, bei deenen hien tëscht 1962 an 1972 néngmol ugetrueden ass. Do gouf hie le loup genannt. Bei der Tour de France vun 1967 an 1970 huet hie jeweils eng Etapp gewonnen. Bei der Tour de France vun 1968 hat hien zwee Deeg de gielen Trikot. Mat der sechster Plaz, war et seng perséinlech Beschtleeschtung, nodeems hien an der Course gefall war.
Insgesamt gouf hien a senger Karriär 14 mol däitsche Meeschter, dovun 13 mol am Querfeldeinrennen an eng kéier (1968) an der Stroossecourse. 1960 krut hien den éischte vun dräi Weltmeeschtertitelen am Querfeldeinrennen (zousätzlech 1961 an 1963). Insgesamt huet de Wolfshohl zwielef WM-Medaillen (Sëlwer: 1959, 1965, 1967, 1969, 1972; Bronz: 1958, 1966, 1970, 1973) bei 14 Participatiounen tëscht 1957 an 1975, gewonnen. No senger zweiter Plaz bei den Cyclocross Weltmeeschterschaften vun 1968, gouf de Wolfshohl positiv op Doping getest. Dorpshi sot hien, datt hien den Dopingmëttel nëmme wéinst engem Schnapp geholl hätt. Nodeems och d'B-Prouf positiv war, gouf hien am Abrëll 1968 fir véier Woche gespaart.
Seng gréisst Erfolleger am Stroossesport d'Victoire bei der Vuelta a España 1965, a Paris-Nizza 1968. Bei de Monumenter vum Vëlossport konnt hie sech zweemol als Zweete platzéieren. 1962 bei Léck-Baaschtnech-Léck an 1963 bei Mailand-Sanremo. 1962 huet de Wolfshohl de Grand-Prix d'Orchies gewonnen. 1973 ass hie seng leschte Course gefuer.
De Wolfshohl huet als eng hypernervös an individualistesch Persoun gegollt, deen duerch seng Charaktereegeschaften, Schwieregkeeten a sengen Ekippen hat.
Famill a Beruffleches
De Bouf vum Wolfshohl Rolf-Dieter (1960–2011) war och Vëlossportler. Bei den Stroosse-Meeschterschsftem vun 1984 huet hie sech bei engem Massecrash en Halswierbel gebrach a war zanterhier bis zum Hals geläämt. De Rolf-Dieter Wolfshohl ass den 13. November gestuerwen. Seng Duechter Monika (1962–2023) ass och virun him gestuerwen.
Nom Enn vu senger aktiver Karriär war de Rolf Wolfshohl Sportleche Leeder vum Vëlossportteam Rokado. Vun 1995 bis 200 war hien éierenamtleche Sportleche Leeder vun der Course Rund um Köln. Ausserdeem huet hie mat senger Fra e Vëlosbuttek. Wolfshohl huet sech fir de Vëlosportlechen Nowuess am RSC „le loup“ engagéiert.
1997 gouf de Wolfshohl mat dem Verdienstorden der Bundesrepublik Deutschland ausgezeechent.
2024 ass hien am Alter vu 85 Joer gestuerwen, begruewe gouf hien zu Köln um Melaten-Friedhof.
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ Verena Koll: Der Weltmeister mit der Fünf in Sport. In: Kölner Stadt-Anzeiger, 18. November 2014.