De Rod Steiger huet a méi wéi 140 Filmer am Kino an op der TV matgespillt.
Bedeitend Filmer mat him sinn On the Waterfront (1954) vum Elia Kazan, Le mani sulla città (1963) vum Francesco Rosi, The Pawnbroker (1964) vum Sidney Lumet, Doctor Zhivago (1965) vum David Lean an In the Heat of the Night (1966) vum Norman Jewison.