D'Rochuskierch vun Éinen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Wuermer gehéiert.
De Patréiner ass den hellege Rochus, deem säi Fest de 16. August gefeiert gëtt. Zweete Patréiner ass den hellegen Antonius de Klausener.
Et ass déi eenzeg Kierch am Land mat engem ronne Kiercheraum. Se steet op der Kiercheplaz matzen am alen Duerfkär.
Den 23. September 2020 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Geschicht
An engem Dokument aus dem 12.Joerhonnert gëtt schonn eng Kierch zu "Inne" ernimmt. Bis 1826 war se eng Filial vun der Par Lenneng.
Den Tuerm mat de Schéissschaarten, duerch deen een an de Banneraum kënnt, staamt aus dem Mëttelalter. Déi historizistesch Kierch[2] selwer, eng vun deenen éischten an deem Stil zu Lëtzebuerg, ass 1826 gebaut ginn. D'Pläng goufe vum belschen Architekt Spaack gemaach, dee sech dofir vum Pantheon zu Roum inspiréiere gelooss huet.
An den Nischen iwwer den Altär si Molereie vum Gustave Zanter (1916-2002) aus den 1950er Joren.
Iwwer dem Haaptaltor hänkt e Kruzifix aus dem Atelier Greeff vun Altwis (18. Joerhonnert).
Bannen an der Kierch si Statue vum hellegen Antonius den Einsiidler, vum hellegen Niklos, vum hellege Rochus a vum hellegen Urban.
Bausse si gotesch Skulpturen ubruecht, déi vu fréiere Gebaier stamen.
Klacken
Am Klackentuerm hänke 4 Klacken ënnert der Dispositioun d, h', a', fis'. Déi kleng Klack am Toun d staamt aus dem Mëttelalter. Déi aner dräi Klacke goufen am 19. Joerhonnert vun der Klackegéisserei Causard-Slégers vun Tellin gegoss.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).
- ↑ M. Schmitt: Wegführer zu luxemburgischen Kirchen und Kapellen, S.129