De Prënz Robert Louis François Marie vu Lëtzebuerg gebuer de 14. August 1968 zu Fëschbech, ass de Fils vum Prënz Charel, an der Joan Douglas-Dillon, haut: Duchesse Joan de Mouchy, Duechter vum Douglas Dillon, fréieren USA-Staatssekretär vum Tresor.
De Robert vu Lëtzebuerg ass mat der Amerikanerin Julie Ongaro bestuet.
De Prënz Robert als Oenolog
1934-1935, duerch en Zoufall, war de Clarence Dillon, Urgrousspapp vum Prënz Robert a Papp vum C. Douglas Dillon, Staatsekretaär fir Finanzen, op d'Wäigutt Haut-Brion gestouss, dat ze verkafe war. Hien huet zougegraff an de Château kaaft.
De Prënz Robert hat sech 1994 mat der Amerikanerin Julie Ongaro bestuet, enger begeeschterter Filmunhängerin, mat där hien zu London gewunnt huet, an zesumme mat hir och e puer Dréibicher fir Filmer geschriwwen huet. Well seng Mamm Joan matbedeelegt war, ass hien dunn tëscht London an der Gironde gependelt.
1997 gouf hie Generaldirekter vum Domaine: Clarence Douglas Dillon, zu deem och de Château Haut-Brion gehéiert. Hien huet et fäerdeg bruecht, déi aussergewéinlech Qualitéit vum Wäi vun do nach ze verbesseren. De Prënz Robert, haut Vizepresident vum Domaine Clarence Douglas Dillon, ass och als Frënd vum Naturschutz bekannt. Hien trëtt a fir eng Limitatioun vun der Produktioun, fir sou d'Qualitéit vum Buedem net a Fro ze stellen.
Literatur
- Raymond Reuter: 100 Lëtzebuerger ronderëm d'Welt, S. 162: Prënz Robert vu Lëtzebuerg, 2003, Éditions Luxnews, ISBN 2-9599932-2-5
Um Spaweck