De Robert Da Grava, gebuer de 17. August 1944, a gestuerwen de 16. Juli 2016, war e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.[1]
Ënner anerem war de Robert Da Grava (genannt "Fino" Da Grava) vun 1980-1984 Trainer beim FC Blo-Wäiss Izeg.
An der Mëtt vun der Saison 1979/80 huet de Robert Da Grava zu Izeg d'Trainerbänk vum Mario Morocutti, dee verletzungsbedéngt (Meniskusschued) ausgefall ass, iwwerholl. D'1.Ekipp kënnt déi Saison net iwwer déi zweetlescht Plaz eraus a muss dat Joer drop nees an der 3.Divisioun untrieden.
Zesumme mam Robert Da Grava geléngt den Izeger awer nees 1980/81 de Retour an d'2. Divisioun wou si dann och bis 1984/85 gespillt hunn.
Tëscht dem 7. Oktober 1972 am 16. Oktober 1976 huet de Robert Da Grava 14-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]
Referenzen
- ↑ De Robert Da Grava op der Websäit vun der Football Database.eu
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Robert Da Grava op der Websäit vun European Football