De Robert Alesch, de 6. Mäerz 1906 zu Uespelt gebuer, an higeriicht de 25. Januar 1949[1] am Fort de Montrouge a Frankräich war e lëtzebuergesch-franséische kathoulesche Paschtouer. 1941 huet hien déi däitsch Nationalitéit ugeholl.[2]
De Paschtouer Robert Alesch huet am Zweete Weltkrich a Frankräich vill Resistenzler bei der Nazidäitscher Militärspionage verroden, an dofir Suen agestach. Eng Rei Resistenzler, déi bei den Alesch beichte waren, kruten et op déi Manéier mat der Gestapo ze dinn.
Ënner deene waren d'Germaine Tillion, déi an d'Lager Ravensbrück verschleeft gouf. D'Resistenzgrupp Gloria SMH, an där de Samuel Beckett a seng Frënn Alfred Péron an de Fotograf Lazaro waren, gouf vum Paschtouer Alesch infiltréiert an un d'Nazi-Okkupante verroden, grad esou wéi déi amerikanesch Spiounin Virginia Hall, déi wéi de Beckett nach just mat Zäite flüchte konnt. 80 Membere vun dësem Resistenzgrupp goufen a Konzentratiounslager deportéiert, wou déi meescht ëmkomm sinn.[3]
Den Alesch gouf nom Krich zu Bréissel, wouhin hie sech ofgesat hat, verhaft.[2] E gouf u Frankräich ausgeliwwert, zum Doud verurteelt, an de 25. Januar 1949 am Fort de Montrouge erschoss.
Literatur
- Wagner, Guy: Doppelleben - Robert Alesch, Geistlicher und Denunziant, Samuel Beckett, Schriftsteller und Résistant. Mit einem Anhang der Erinnerung und 24 Bildern, 2015, ISBN 978-99959-37-16-4
- Wagner, Guy: Ein anderer Verräter, op patton.lu, Bulletin GREG, 2020, S. 50-51
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Abbé Alesch hingerichtet. Escher Tageblatt (26.01.1949). Gekuckt de(n) 16.12.2024.
- ↑ 2,0 2,1 L'abbé était un mouton, Le Franc-tireur : organe des Mouvements unis de résistance, 08.11.1945, Gekuckt de 16.12.2024
- ↑ Catherine Chadefaud: Histoire des femmes en France de la Renaissance à nos jours (= Collection « Biographies et mythes historiques »). Éditions Ellipses, Paris 2023, ISBN 978-2-340-07811-6, S. 413.