Robert Abela

Robert Abela
Gebuer 7. Dezember 1977
Sliema
Nationalitéit Malta
Educatioun Universitéit vu Malta
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Malta Labour Party

De Robert Abela, gebuer de 7. Dezember 1977)[1] ass e malteesesche Jurist a Politiker. Hie gouf den 11. Januar 2020 vu senger Partei, der sozialdemokratescher Partit Laburista, zum neie Parteipresident gewielt a gouf domat automatesch och Premierminister vu Malta. Hie gouf den 13. Januar 2020 vereedegt.[2]

De Robert Abela ass de Jong vum fréiere President vu Malta, George Abela.[1]

Hien huet op der Universitéit Malta Droit studéiert an huet do 2002 promovéiert. 2003 gouf en Affekot an huet zesumme mat sengem Papp an enger Etude geschafft.[3]

1996 gouf e Member vun der Partit Laburista.[4] Am Juni 2017 gouf hien an d'Representantenhaus, dat malteesescht Parlament, gewielt.[5]

Den 11. Januar 2020 gouf hien, nom Récktrëtt vum Joseph Muscat, zum President vun der Partit Laburista gewielt.[6]

Um Spawck

Commons: Robert Abela – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. 1,0 1,1 Keith Micallef: Robert Abela: from backbencher to Prime Minister. In: timesofmalta.com. 12. Januar 2020.
  2. "Nach Rücktritt Muscats Abela wird neuer Premier in Malta." tagesschau.de, 12. Januar 2020.
  3. Abela Advocates – The Experts. In: abelaadvocates.com.
  4. Hon. Robert Abela MP . In: parlament.mt.
  5. Robert Abela elected - Four former presidents' sons may make it to the House. In: timesofmalta.com. 5. Juni 2017.
  6. Abela wird neuer Premierminister Maltas. In: orf.at. 11. Januar 2020,.