De Reinhold Bachler, gebuer de 26. Dezember 1944 zu Eisenerz an der Steiermark, ass een éisträichesche Schisprénger an Trainer am Schisprangen.
1967 war e mat 154 m Weltrekord am Schifléien op der Schanz vu Vikersund geflunn. 1968 huet en eng Sëlwermedail op den Olympesche Wanterspiller zu Grenoble gewonnen an 1975/76 war hien den Drëtte bei der Véierschanzentournee.
No senger aktiver Carrière ass hien als Trainer am Nordeschen Ausbildungszentrum Eisenerz beschäftegt.