Tschechien ass an 13 admninistrativ Regiounen agedeelt, déi op tschecheschkraj (pl. kraje) heeschen. Zanter dem 12. November 2000 si s'eng eege Kierperschaft, mat engem gewielte Parlament an enger Exekutiv. D'Haaptstad Prag huet en eegene Statut, ma gëtt dacks als 14. Regioun matgezielt.
Geschicht
Tschechien ass als Land aus der Deelung vun der Tschechoslowakei ervirgaangen. Déi hat 10 Regiounen: 7 am haitegen Tschechien (dovu 5 a Béimen an 2 a Mieren) an 3 an der haiteger Slowakei.
Déi 5 fréier béimesch Regioune waren Nordbéimen, Westbéimen, Zentralbéimen, Ostbéimen a Südbéimen, Miere war an Nord- a Südmieren agedeelt.