Reanimation

Reanimation
Remix-Album[*] vun Linkin Park
Erauskomm 30. Juli 2002
Genre Alternative Hip-Hop[*], industrial hip-hop[*], Industrial Metal[*]
Längt 3.652 Sekonn
Label Warner Bros. Records[*]
Produzent Mike Shinoda
Offiziell Websäiten

Reanimation ass den zweete Museksalbum vun der kalifornescher Band Linkin Park. E besteet aus Remixe vu Lidder vun der Grupp hirem éischten Album Hybrid Theory a gouf den 30. Juli 2002 verëffentlecht.

Stil

D'Plack besteet aus Remixen, déi (ofgesi vu "My December", dat op der Single-CD vun "One Step Closer" verëffentlecht gouf) um éischte Linkin Park-Album Hybrid Theory sinn, souwéi aus kuerzen Zwëschespiller, Soloen a Riff-Raff's.

Am grousse Ganze koum d'CD ganz gutt bei de Fannen un, allerdéngs ginn och verschidde Lidder staark kritiséiert well si mat zevill Rappe vergarrelt goufen. Op der Plack si gréisstendeels roueg Lidder. Den David Farrell, deen normalerweis Bass spillt, spillt an dësem Album Gei an Cello, a vereenzelte Lidder awer och nach Bass-Gittar. De Brad Delson iwwerhëlt an dëse Fäll de Bass an den Joseph Hahn (DJ) an/oder de Mike Shinoda (MC) spillen niewebäi Piano. Natierlech kommen och eng Handvoll haart Lidder vir, déi un déi typesch Hard-Rock-Zeen vu Linkin Park erënneren.

D'Nimm vun de Lidder gläichen den Nimm vun de "richtege" Lidder. Dacks gouf op d'Vokale verzicht an d'Leerzeeche goufe mat Slashen, Bindestrécher, Stären asw. gefëllt.

Besetzung

Tracklëscht

Titel Dauer
1 Opening 1:09
2 Pts.OF.Athrty 3:45
3 Enth E Nd 3:59
4 [Chali] 0:23
5 Frgt/10 3:32
6 P5hng Me A*wy 4:37
7 Plc. 4 Mie Haed 4:20
8 X-Ecutioner Style 1:49
9 H! Vltg3 3:30
10 [Riff Raff] 0:21
11 Wth>You 4:12
12 Ntr/Mssion 0:29
13 Ppr:Kut 3:26
14 Rnw@y 3:13
15 My<Dsmbr 4:17
16 [Stef] 0:10
17 By_Myslf 4:42
18 Kyur 4 Th Ich 2:32
19 1Stp Klosr 4:36
20 Krwlng 4:32

Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.