Prënz Carneval an de Prënz Faaschtdag / E Bild no der Natur gëllt als dat éischt Theaterstéck op Lëtzebuergesch.[1] D'Gym huet d'Stéck wärend enger Maskerad op der Fuesent 1849 opgefouert.
Dat a gereimter Prosa geschriwwent, staark satirescht Stéck soll deemools gutt ukomm sinn a kann als Virleefer vun den haitege Revuë gëllen: déi weltlech a kierchlech Autoritéiten an och d'Press goufe ferm kritiséiert an op d'Schëpp geholl.[2]
Wärend de Fernand Hoffmann den Auteur vum 8 Säiten dënnen Drock als onbekannt ugëtt, jo souguer d'Warscheinlechkeet an de Raum stellt, datt de geeschtegen Eegentum beim ganzen Turnveräi läit[3], féiert d'Nationalbibliothéik am Online-Katalog de Jean-Michel Kleyr als Auteur vun enger 12-säiteger Publikatioun un.[4]
Literatur
- Hoffmann, Fernand, 1991. Dicks: oder Abstieg und Aufstieg des Edmond de la Fontaine: Leben und Schaffen eines Nationaldichters. 146 S. Abteilung für Kunst und Literatur des grossh. Instituts, Luxemburg. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg.
- Kleyr, Jean-Michel, 1852. De Prenz Carnaval an de Prenz Faaschtdaag: e Bild no der Natur, a 4 Akten. Letzeburg: J. Lamort, 12 p.[5]
- Welter, Nikolaus, 1929. Das Luxemburgische und sein Schrifttum. 9. durchges. Aufl. Luxemburg: G. Soupert, 158 S.
Referenzen
- ↑ Cf. Hoffmann 1991: 77 an der Literatur, vun deem och d'Schreifweis vum Lemma iwwerholl gouf. D'Nationalbibliothéik féiert den Titel anescht, cf. Kleyr 1852 an der Literatur.
- ↑ De politesche Kontext ass net onschëlleg um Opbléie vu satiresche Publikatiounen an Theaterstécker an der Mëtt vum 19. Joerhonnert: 1848 krut Lëtzebuerg eng méi liberal Verfassung, déi de Leit méi Fräiheete ginn huet, déi d'Leit dunn och ze notze woussten (Cf. Welter 1929: 30 an der Literatur).
- ↑ Cf. Hoffmann 1991: 78 an der Literatur.
- ↑ Cf. den Aschreiwung am Online-Katalog bibnet.lu
- ↑ Op der Titelsäit ass uegemierkt: "Au bénéfice des pauvres".