|
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der spuenescher Provënz Guadalajara. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Guadalajara (Homonymie).
|
Guadalajara ass eng vun de fënnef Provënzen an der spuenescher autonomer Regioun Kastilien-La Mancha.
D'Haaptstad ass Guadalajara.
Guadalajara grenzt un d'Provënze Cuenca, Madrid, Segovia, Soria, Saragossa an Teruel.
D'Awunnerzuel beleeft sech op 224.076 am Joer 2007 op enger Fläch vun 12.167 km². 35 % vun der Populatioun lieft an der Haaptstad.
Guadalajara ass a 4 Comarcas an an 288 Gemengen agedeelt. Gréisser Stied sinn nieft der Haaptstad Azuqueca de Henares mat iwwer 28.000 Awunner an Alovera mat iwwer 9.000 Awunner.
D'Comarcas sinn: La Alcarria, Campiña de Guadalajara, La Serranía a Señorío de Molina.
Um Spaweck