|
Dëse Geographiesartikel iwwer Holland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
D'Provënz Drenthe ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen a läit am Nordoste vum Land. Am Süde grenzt se un d'Provënz Overijssel, am Westen u Frisland, am Norden u Groningen an am Osten un Däitschland.
Drenthe ass zanter 1839 eng eegestännesch Provënz.
D'Haaptstad ass Assen.
Landschaften
Et kann een d'Provënz an dräi Landschaften andeelen:
D'Heedgéigend am Westen
Hei fënnt een haaptsächlech arem Sandbiedem. Op deene Biedem huet sech haaptsächlech eng Heedvegetatioun agestallt wou fréier Schof gehale gi sinn. Durch den Asaz vu Kunstdünger sinn déi Biedem méi fruchtbar ginn an d'Schoofszuucht ass no an no duerch Wisen a Felder ersat ginn. Aner Deeler si mat Beem ugeplanzt ginn. Durch grouss Remembrementen huet dat d'Ganzt eng zimmlich geometrisch Andeelung kritt, soudatt vun aler Heedlanschaft net méi vill iwwereg bliwwen ass. Grouss Heedfläche fënnt een nach just am Nationalpark Drentschen Aa am Nordoste vun Assen.
D'Mueren
Am Oste vun der Provënz fënnt een vill Mueren, wou Truff ofgebaut gëtt. Fir dat méiglech ze maachen hu missen Entwässerungskanäl ugeluecht ginn. Et gëtt nach zwéi grouss Moueren, den een ass de Bargerveen am Südosten, an am Südweste läit de Fochteloërveen.
D'Kanalgéigend
Wëll déi meescht Flëss fir d'Schëffahrt ze kleng waren, sinn ee ganze Koup Kanäl gebaut ginn. Die wichtegst sinn den Drentsche Hoofdvaart, den Noord-Willems-Kanaal, den Hoogeveense Vaart an den Oranjekanaal.
Gemengen an der Provënz
Zanter 1998 huet Drenthe 12 Gemengen. (Awunnerzuelen am Joer 2023).
Um Spaweck