De Pont Neuf (lëtz.: Nei Bréck) ass, och wann den Numm eppes aneres vermudde léisst, eng vun den eelste Brécken zu Paräis. De Pont Neuf leeft iwwer d'Seine a gouf a Frankräich als Monument historique klasséiert.
Wéi déi meescht Brécken aus der Bauzäit vum Pont Neuf ass et eng Boubréck mat klenge Béi. De Pont Neuf ënnerscheet sech awer vun de weidere Paräisser Brécken a verschiddene Punkten. Et war déi éischt Bréck déi iwwer d'ganz Seine gaangen ass. Ausserdeem war et déi éischt Paräisser Bréck déi net gedeckt war an op där keng Haiser stoungen. Zu gudder Lescht war och d'Reiderstatu vum Henri IV. eppes Neies um Pont Neuf.
Geschichtleches
Nom Pont aval a Pont amont vum Boulevard périphérique ass de Pont Neuf déi drëttlängst Bréck vun der Stad Paräis. Et ass eng Boubréck aus Steen. D'Decisioun fir d'Bréck ze baue gouf am Joer 1577 getraff, an den 2. November vun deem Joer huet de Kinnek Henri III. eng Kommissioun designéiert, déi d'Konstruktioun vun der Bréck iwwerwaache sollt. De Claude Marcel, Generalkontroller vun de Finanzen, war d'Verbindung tëscht der Kommissioun an dem Kinnek. D'Konstruktioun gouf mat Patentbréiwer vum 16. Mäerz1578 vum Kinnek autoriséiert.
Den 2. Januar1602 huet den Henri IV. de Bau vun enger grousser Pompel - Pompe de la Samaritaine - an Optrag ginn, fir d'Palaisë vum Louvre a vun den Tuileries mat Waasser ze versuergen. Dës Pompel gouf 1813 zerstéiert.
Am Juli1606, wéi d'Aarbechten op en Enn goungen, huet den Henri IV. de Bau vun enger Plaz decidéiert, mat Haiser mat enger identescher Fassad - d'Place Dauphine.