|
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
|
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Bouschéisser. Fir den hollänneschen Äisschnellleefer, kuckt wgl. Piet Kleine.
|
De Pit Klein, gebuer den 12. September 1996, ass e lëtzebuergesche Bouschéisser. Hien huet seng Carrière als Sportler 2009 ugefaangen an ass zanter 2013 international aktiv[1].
2015 huet hie Lëtzebuerg bei de World Archery Championships zu Kopenhagen an Dänemark vertrueden[1], an 2024 op den Olympesche Summerspiller zu Paräis.[2]
An der WorldArchery-Weltranglëscht läit de Pit Klein op der Plaz 171 an der Recurve-Bou-Kategorie (Stand: September 2018)[1].
Hie war Member vun der Section sports d'élite de l'armée.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 1,2 https://worldarchery.org/athlete/13302/pit-klein
- ↑ Source, wou net anescht uginn: Fiche op teamletzebuerg.lu (nogekuckt: 08.07.2024).