Pierre François Chomé

Pierre François Chomé
Gebuer 9. Februar 1782
Gestuerwen 3. Januar 1860
Aktivitéit Douanier
Famill
Kanner Joseph Chomé

De Pierre François Chomé, gebuer den 9. Februar 1782 zu Wuustwezel (B)[1] a gestuerwen den 3. Januar 1860 zu Kortrijk (B)[2], war en Zollbeamten, deen aus der haiteger Belsch gestaamt a laang Zäit zu Lëtzebuerg geschafft huet.

Den 28. Oktober 1810 huet hie sech zu Loon op Zand an Holland mat der Anne Colette Durieux[3] bestuet. Seng Carrière zu Lëtzebuerg léisst sech un Hand vun de Gebuerts- bzw. Bestietnesakte vu senge Kanner punktuell beleeën[4]: 1817 war hien Zoll-Receveur zu Wäiswampech, 1823 ass hien zu Ettelbréck, wou hie vum Juni 1828 un nieft senger Charge als Receveur och nach den nei geschafenen Distributiounsbüro vun der Post iwwerholl huet.[5] Hie schéngt Ettelbréck am Laf vum Joer 1834 verlooss ze hunn. Am Juli 1834 gëtt hien als Comptabel vun der Douane zu Turnhout (B) ernimmt. 1847 stierft seng Frau zu Kortrijk. 1855 ass hie Vérificateur des douanes zu Courtrai (B). 1860 stierft hien zu Kortrijk.

De Pierre François Chomé war de Papp vum Joseph Chomé an de Grousspapp vum Jules Chomé.

Referenzen

  1. Georges Eicher op Luxroots (gekuckt 20.11.2024).
  2. (en)Généalogie de Pierre François Chomé. Geneanet. Gekuckt de(n) 21.11.2024.
  3. Anne Colette Durieux, gebuer den 11. Januar 1791 zu Rupelmonde (B), gestuerwen den 3. Abrëll 1847 zu Kortrijk (B). Geneanet).
  4. Geneanet, Luxroots.
  5. Flies, J., 1970. Ettelbrück. Die Geschichte einer Landschaft. Luxembourg, S. 1304. – Cf. Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten : biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher, S. 104.