|
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
De Philippe Servais, gebuer de 5. Februar 1810 zu Miersch, a gestuerwen den 22. November 1890 zu Kürenz engem Staddeel vun Tréier,[1] war e lëtzebuergeschen Industriellen.
Hie war Schmelzhär vun der Weilerbacher Schmelz.
Mat sengem Brudder Bernard huet hien de 17. Mäerz 1858 d'Kommanditgesellschaft Forges des Frères Servais ("Hollerecher Schmelz" oder "Servais-Schmelz" genannt) zu Hollerech gegrënnt an do zwéin Héichiewe baue gelooss.[2]
1862 hunn déi zwéin d'Schmelz vu Colmer-Bierg gelount, an 1871 eng Konzessioun ugefrot fir eng Eise-Minière vun 165 ha um Territoire vun de Gemenge Nilvange, Algrange a Marspich z'exploitéieren.[2]
De Philippe Servais war den eelste Jong vum Antoine Servais a Brudder vum Staatsminister Emmanuel Servais.
Referenzen
- ↑ "Les industries de la famille Servais" op industrie.lu.
- ↑ 2,0 2,1 "Hollerëcher Schmelz - Servais Schmelz" op industrie.lu.