De Paul Thomas Anderson (och alt P. T. Anderson,), gebuer de 26. Juni 1970 zu Studio City, a Kalifornien, ass en US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
Hien ass en Autodidakt an huet seng Karriär als Produktiounsassistent ugefaangen. 1993 huet hien en éischte Kuerzfilm, Cigarettes & Coffee gedréint, deen en dat Joer drop zu engem Laangfilm ausgebaut huet. Bekannt gouf e mat sengem nächste Film, Sydney / Hard Eight (1996). Och weider Filmer wéi Boogie Nights (1997), Magnolia (1999), Punch-Drunk Love, There Will Be Blood (2007), The Master, an Inherent Vice hate Succès bei der Kritik a beim Publikum.
2017 koum säi Phantom Thread eraus.
Filmographie
Spillfilmer
Kuerzfilmer
- 1987: The Dirk Diggler Story
- 1993: Cigarettes and Coffee
- 1998: Flagpole Special
- 2002: Couch
Um Spaweck