Paul Fabo
| Paul Fabo | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
5. Juni 1906 Porto Novo |
| Gestuerwen | 7. September 1973 |
| Nationalitéit | Benin |
| Aktivitéit | Journalist, Diplomat, Schrëftsteller, Dramatiker |
|
| |
De Paul Fabo, gebuer de 5. Juni 1906 zu Porto-Novo am Kinnekräich Dahomey (haut: Benin), a gestuerwen de 7. September 1973 zu Cotonou am Benin, war e Journalist, Auteur, an Diplomat. Hie war Ambassadeur vun Dahomey am Zaïre, der haiteger Demokratescher Republik Kongo.
1924 schafft hien am Belsche Kongo fir Lever Brothers, déi Palmueleg an Europa vermaart hunn. Duerch eng Bourse konnt hien op der Universitéit Léiwen Sproochwëssenschafte studéieren.
Zu Lëtzebuerg huet hien 2 Artikelen an der A-Z Luxemburger Illustrierte "Ein Schwarzer erzählt von Schwarzen" verëffentlecht[1][2]. An dësen Artikele kritiséiert hien de Kolonialissem an d'Ausbeutung vu Land a Leit op afrikaneschem Buedem. Well dat Wuert "Neger" offälleg am Sënn vu "Sklav" verstane gëtt, schwätz hie vu "Schwaarzen".
- Illustratiounen
-
AZ 1938 Nr 35 S.12
-
AZ 1938 Nr 35 S.13
-
AZ 1938 Nr 35 S.14
-
AZ 1938 Nr 37 S.7
-
AZ 1938 Nr 37 S.8
Nom Zweete Weltkrich huet hien als Schrëftsteller geschafft. Wéi Dahomey den 1. August 1960 onofhängeg vun Frankräich gouf, gouf de Paul Fabo vun 1961 bis 1971 Ambassadeur vun der Republik Dahomey am fréiere Belsche Kongo.
Referenzen an Notten
- ↑ (de) Paul Fabo, Ein Schwarzer erzählt von Schwarzen. A-Z Luxemburger Illustrierte Nr 35, S. 12-14 (28. 8. 1938). Gekuckt de 15. 1. 2023.
- ↑ (de) Paul Fabo, Ein Schwarzer erzählt von Schwarzen. A-Z Luxemburger Illustrierte, Nr 37, S. 7-8 (11. 9. 1938). Gekuckt de 15. 1. 2023.
- Am Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht war vum 8. Abrëll bis de 6. November 2022 eng Ausstellung iwwer d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg ze gesinn.
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
