Pat Garrett and Billy the Kid ass en US-amerikanesche Spéitwestern vum Sam Peckinpah aus dem Joer 1973.
Wourëms geet et am Film?
An dësem Film, dee vun enger pessimistescher a fatalistescher Grondstëmmung markéiert ass, spillt den James Coburn de Sheriff Pat Garrett, deen 1881 vun enger Grupp vu räichen neimexikanesche Véibarongen engagéiert gëtt, fir säin ale Kolleeg, de Gesetzlose Billy the Kid (Kris Kristofferson) ze verfollegen an nolens volens ëmzeleeën.
Um Spaweck