De Parc naturel régional du Haut-Languedoc ass ee vun den 53 regionalen Naturparken (Parcs naturels régionaux; PNR) a Frankräich, an der franséischer Regioun Occitanie. E gouf 1973 geschaf an ass domat ënnert den éischten a Frankräich.
De Parc naturel régional du Haut-Languedoc läit um südleche Wupp vum Massif central, mat engem Deel am Departement Tarn an engem am Hérault. E grenzt am Nordosten un de Parc naturel régional Grands Causses. D'Stied ronderëm, déi gewëssermoossen d'Paarten fir an de Parc sinn, si Castres, Revel, Saint-Chinian a Lodève. De Park erstreckt sech iwwer 119 Gemenge mat am Ganzen eppes iwwer 90.000 Awunner op 306.000 Hektar.
Den Haut-Languedoc ass dräi verschiddene Klimaaflëss ausgesat: Mëttelmierklima am Süden an am Osten, atlantesche Klima am Westen a Kontinentalklima am Norden. Och d'Geologie ass relativ komplex. Deementspriechend ass d'Landschaft ganz variéiert; et gëtt siwe grouss Géigenden ënnerscheet:
Sidobre
Monts de Lacaune
Montagne de l'Espinouse a Caroux-Massiv
Monts d'Orb
Plateau des Lacs
Montagne Noire
Vignes et Vallées.
Galerie
Südleche Wupp vun de Gorges d'Héric, Mons, Hérault.
Parc naturel régional du Haut-Languedoc, Charte 2011-2023
Parc naturel régional du Haut-Languedoc, Atlas
Parc naturel régional du Haut-Languedoc, cartes d'identité
Parc naturel régional du Haut-Languedoc, 50 fiches patrimoines « A la découverte du Parc naturel régional du Haut-Languedoc »
Parc naturel régional du Haut-Languedoc, Faune et patrimoine bâti, collection « Cahiers techniques »
Parc naturel régional du Haut-Languedoc, Construire en pierres sèches, collection « Cahiers techniques »
Parc naturel régional du Haut-Languedoc, Espèces emblématiques du Parc naturel régional du Haut-Languedoc, collection « Cahiers techniques »
Pyrénées Magazine, Cahiers du Patrimoine, supplément au numéro 135, Haut-Languedoc, La montagne des deux midis, mai-juin 2011, éd. Milan Nature et Territoires
Terre Sauvage Territoires remarquables, supplément au numéro 252 de Terre Sauvage, Haut-Languedoc, Montagnes à l'accent du midi, éd. Milan Nature et Territoires