De Péiter vun Osbuerg (och Pierre d'Osbourg, resp. Peter von Osburg), gebuer an der zweeter Hallschent vum 14. Joerhonnert Joerhonnert, a gestuerwen den 20. Februar1439[1], war e Ritter, deen zu Gréiwemaacher gewunnt huet.
Liewen
Wann een der Iwwerliwwerung gleewen däerf, war de Péiter vun Osbuerg en auslänneschen Ritter, dee vu sengem Krichsdéngscht zeréckkoum a sech zu Gréiwemaacher niddergelooss huet. Do hätt hie 1418 vum Wenzel II. Bréiwer kritt, déi op de Méindeg virum Fest vun den Hellege Simon a Judas datéiert waren. Doran hätt den Herzog erkläert, datt dem Péiter vun Osbuerg säin Haus, seng Lännereien an aner Besëtzer vun alle Steieren a Belaaschtunge befreit wieren.
D’Gesta Treverorum erzielen, datt d'Bierger vun Tréier am Joer 1397 Krich géint hir batter Feinden, de Jang vu Krounebuerg an de Péiter vun Osbuerg, gefouert hunn. Si hunn déi zwéi gefaange geholl a se fir e gudde Strapp festgehalen.[2]
Dëse Mann, deen offensichtlech e grousst Verméigen hat, huet 1439 säin Testament gemaach, an deem hien all säi Besëtz vermaacht huet, fir zu Gréiwemaacher en Hospiz ze grënnen. Dëst Hospiz sollt bedürfteg Kranker ophuelen an och eelere Leit a Reesenden eng generéis Gaaschtfrëndlechkeet ubidden. D’Schäffe vun der Stad goufen als éiweg Momperen oder Administrateure vun där Institutioun bestëmmt.
Am Joer 1632 hat déi Institutioun 45 Parzellen, dorënner Wéngerten, Gäert, Wisen an Akerland, wéi och d'Haus vum Grënner. An der zweeter Hallschent vum nonzéngte Joerhonnert hat d'Hospiz e Joresakommes vu ronn 2000 bis 2500 Frang.[2]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Osbourg-Haus.
Éierungen
De 27. August 1939 gouf eng Gedenktafel um Osbuerg-Haus ubruecht.[3] Bei där Geleeënheet gouf och beschloss fir eng Strooss nom Péiter vun Osbuerg ze nennen.[4]
Referenzen
↑Text op der Gedenkplack um Osburg-Haus zu Gréiwemaacher: "QUI OBIIT ANNO DOMINI MCCCCXXXIX FERIA VI VICESIMA MENSIS FEBRVARII"
↑ 2,02,1Neyen, Auguste. «OSBOURG, Pierre d’». In Biographie Luxembourgeoise, II (Appendice): S.27–28. Hildesheim ; New York: Olms, 1972.