Den Our-Pad, offiziell Sentier pédestre national de l'Our, ass ee vun den nationale Wanderweeër zu Lëtzebuerg.
Streck
De Pad ass 65,72 km laang a féiert vu Wäiswampech op Gilsdref. Den déifste Punkt (190 m) ass op der Bleesbréck an den héchsten (505 m) zu Wäiswampech[1].
E féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Wäiswampech, Leetem, Ouren, Léiler, Kaalber, Tëntesmillen, Rellesmillen, Doosber Bréck, Rouderssen, Dörnauelsmühle, Uewereesbech, Ënnereesbech, Wuelessen, Gemünd (Our), Haffaal, Stolzebuerg, Niklosbierg, Veianen, Bettel, Longsdref, Bildgeshaff, Webeschhaff, Bettenduerf, Bleesbréck, Gilsdref.
Bemierkungen
Biller
-
Wäiswampech
-
Tëntesmillen
-
Bei der Dörnauelsmühle
-
Stolzebuerg
-
Gilsdref
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ Informatiounen op Geoportail.lu
Wanderweeër zu Lëtzebuerg |
---|
National Wanderweeër | |
---|
Jugendherberg-Wanderweeër | |
---|