Den Ota Nalezinek, gebuer de 4. Mee 1930 zu Lomnice nad Popelcou an der deemoleger Tschechoslowakei, a gestuerwen de 16. Januar 2022[1], war en tschechesch-lëtzebuergesche Moler, Graphiker, Textilkënschtler a Restaurator.
Den Ota Nalezinek huet op der Pedagogescher Fakultéit vun der Karls-Universitéit vu Prag studéiert.
1969 ass hien, nom Amarsch vun den Truppe vum Warschauer Pakt an der Tschechoslowakei, op Lëtzebuerg emigréiert, an huet 1977 d'Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl.
Zu sengem Wierk zielen ë. a. Mosaicker, Keramiken, Serigraphien, Buchillustratiounen, Wäinetiketten an Entwërf fir Timberen.
1976 huet hien de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ "Ota Nalezinek gestorben." wort.lu, 16.01.2022.