Orson Welles ass en Aschlagkrater um Mars. Hie gouf am Joer 2003 nom US-amerikanesche Filmregisseur, Schauspiller an Autor Orson Welles genannt.
Beschreiwung
De Krater huet en Duerchmiesser vun 116 km. Hie läit am Héichland Xanthe Terra direkt um Equator, deels bannenzeg vum Lunae Palus- an dem Coprates-Gradfeld. De Chaoteschen Terrain a sengem Kär läit um Ufank vum Shalbatana Vallis.
Kuckt och
Portal Astronomie