Den Observatoire Düsseldorf (och bezeechent als Observatoire Bilk oder Observatoire Charlottenruhe) war eng historesch astronomesch Fuerschungsariichtung. Si stoung an der Géigend vun der Kierch Alt St. Martin am Düsseldorfer Staddeel Bilk. Den Observatoire stoung vun 1843 bis 1943.
No sengem Doud am Joer 1846 goung den Observatoire an de Besëtz vun der Stad Düsseldorf iwwer. De Leeder vum Observatoire war zanter 1847 de Franz Friedrich Ernst Brünnow.
1851 goung de Brünnow op Berlin an den Observatoire Berlin an de Karl Theodor Robert Luther huet d'Leedung vum Observatoire zu Düsseldorf iwwerholl. De Luther huet besonnesch Positiounsbestëmmunge vu Planéiten an Asteroiden duerchgefouert. D'Daten huet hien dann aneren Observatoiren zur Dispositioun gestallt. De 17. Abrëll1852 huet hien den Asteroid Thetis entdeckt. An de follgenden dräi Joer huet de Luther weider Asteroiden entdeckt: Proserpina, Bellona an Leukothea. No der véierter Entdeckung huet den Düsseldorfer Gemengerot säi Loun erhéicht, dat bis dohin 200 Daler am Joer war.
Den 20. Februar1890 gouf mam (288) Glauke dee leschten Asteroid zu Düsseldorf entdeckt. Am Ganze waren et 24 Stéck.
1892 krut de Jong vum Luther, de Wilhelm, dee virdrun schonn an den Observatoiren Bonn an Hamburg geschafft hat, eng Plaz als Adjoint zu Bilk.
1943 gouf den Observatoire bei engem Bommenugrëff zerstéiert. Den ausgelouste Kierper vum Teleskop steet haut als Erënnerung virum Westtuerm vun Alt St. Martin. Wann een duerch de Rouer kuckt, gesäit een de Kierchhinnchen.
Zu Éiere vum Observatoire gouf en 1967 entdeckten Asteroid "(4425) Bilk" genannt.