OSS 117 ass eng Serie vu Spionageromaner déi vun 1949 u vum franséischen Auteur Jean Bruce geschriwwe si ginn. No sengem Doud huet seng Fra Josette Bruce an duerno hir Duechter Martine Bruce an hiren Eedem François Bruce d'Nofolleg ugetrueden. D'Romaner beschreiwen d'Aventure vum amerikanesche Geheimdéngschtagent Hubert Bonisseur de La Bath, mat dem Matricule OSS 117 am Office of Strategic Services.