Nives (Wallounesch: Nive) ass eng Uertschaft a Gemengesektioun an der belscher Gemeng Vaux-sur-Sûre an der Provënz Lëtzebuerg.
Bis zur Gemengefusioun mat Vaux am Joer 1970 war Nives eng eegestännerg Gemeng. Si war am Joer 1795 entstanen aus dem Zesummeschloss mat Cobreville, Sûre, a Vaux-lez-Rosières.
Vaux-lez-Rosières ass 1906 erëm ofgetrennt ginn, a gouf eng eege Gemeng.