Nino Manfredi

Nino Manfredi
Gebuertsnumm Saturnino Manfredi
Gebuer 22. Mäerz 1921
Gestuerwen 4. Juni 2004
Roum
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Universitéit La Sapienza,
Accademia nazionale d'arte drammatica
Aktivitéit Komiker, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Dramatiker, Sänger, Auteur, Synchronspriecher, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsmoderateur, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Regisseur, Radiosspeaker, Schrëftsteller, Synchronspriecher
Famill
Bestuet mat Erminia Ferrari
Kanner Luca Manfredi, Roberta Manfredi

De Saturnino ("Nino") Manfredi, gebuer den 22. Mäerz 1921 zu Castro dei Volsci, Provënz Frosinone, a gestuerwen de 4. Juni 2004 zu Roum, war en italieenesche Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.

Hien huet ufanks beim Radio an am Theater geschafft. 1948 hat e mat Tenori per forza säi Filmdebut, an hat d'1950er Joren duerch kleng Rollen a sëllege Filmer. An den 1960er Joren huet hie sech als populäre Komiker, dacks a groteske Rollen, een Numm gemaach, a gouf ee vun de beléiftsten italieenesche Komiker. An den 1980er Joren huet hie manner Filmer gedréint an nees méi Theater gespillt.

1962 huet hie bei véier Episode vu L'amore difficile Regie gefouert, an 1971 krut hie fir säin éischte Film Per grazia ricevuta zu Cannes e Präis.

De Manfredi huet ausserdeem e Kachbuch an e Buch iwwer réimesch Riedensaarten erausginn.

Filmographie (Auswiel)

  • 1949: Monastero di Santa Chiara - Regie: Mario Sequi
  • 1949: Torna a Napoli - Regie: Domenico Gambino
  • 1951: Anema e core - Regie: Mario Mattoli
  • 1953: La domenica della buona gente
  • 1955: Gli innamorati
  • 1955: Prigionieri del male
  • 1956: Tempo di villeggiatura
  • 1958: Venezia, la luna e tu
  • 1958: Pezzo, capopezzo e capitano
  • 1958: Don Vesuvio
  • 1958: Guardia, ladro e cameriera
  • 1959: L'impiegato
  • 1959: Audace colpo dei soliti ignot
  • 1960: Crimen
  • 1961: Il giudizio universale vum Vittorio de Sica mam Alberto Sordi a Vittorio Gassman
  • 1961: A cavallo della tigre
  • 1962: Anni ruggenti
  • 1962: La parmigiana
  • 1964: Alta infedeltà
  • 1963: El verdugo
  • 1965: Le bambole
  • 1965: Made in Italy
  • 1966 Una rosa per tutt
  • 1966: Operazione San Gennaro
  • 1966: Adulterio all'italiana
  • 1967: Il padre di famiglia
  • 1968: Riusciranno i nostri eroi a ritrovare l'amico misteriosamente scomparso in Africa?
  • 1969: Contestazione generale
  • 1970: Rosolino Paternò soldato
  • 1970: Nell'anno del signore
  • 1971: Per grazia ricevuta - och Regie
  • 1971: Roma Bene -
  • 1972: Le avventure di Pinocchio (Tëleesserie)
  • 1972: Girolimoni - Il monstro di Roma
  • 1973: Pane e cioccolata
  • 1974: C'eravamo tanto amati
  • 1976: Brutti, sporchi e cattivi - Regie Ettore Scola
  • 1977: In nome del Papa Re
  • 1978: La mazzetta
  • 1979: Il giocattolo
  • 1980: Café express
  • 1981: Nudo di donna/Nu de femme - och Regie
  • 1987: Helsinki - Napoli - All Night Long
  • 1987: Secondo Ponzio Pilato
  • 1987: I picari - Regie: Mario Monicelli
  • 1990: Alberto Express - Regie: Arthur Joffé
  • 1991: Mima - Regie: Philomène Esposito
  • 1994: Colpo di luna - Regie: Alberto Simone
  • 1995: De vliegende Hollander - Regie: Jos Stelling
  • 2000: La carbonara - Regie: Luigi Magni

Um Spaweck