Mont-Bonvillers ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est.
Hir Awunner sinn d'Montois an d'Montoises.
Mont-Bonvillers ass eng Uertschaft déi haaptsächlech aus Aarbechterwunnenge besteet, déi sech riets a lénks laanscht d'Departementsstrooss D952 verdeelen. Wéi de meescht Leit am Baseng vu Briey hunn d'Awunner vu Mont-Bonvillers an der Minière geschafft. Um Bord vun der Uertschaft läit déi haut verloosse Mine de Murville.
Vun der Minière déi op där Plaz zwéi Pëtzer fir d'Fërdere vun Eisenäerz hat, ass net méi vill ze gsinn. D'Minière gouf 1967 zougemaach. D'Plaz op där d'Gebaier vun der Minière stoungen ass zanter 2007 am Gaang sanéiert a revaloriséiert ze ginn. An engem grousse Buedemsilo, dee mat Spezialbaatschen isoléiert ass, gëtt de contaminéierte Buedem stockéiert.
Déi Aarbecht gëtt besonnescht erschwéiert, duerch d'Feele vu valable Pläng, vun de Kanalisatiounen an anere Leitungen déi am Buedem vergruewe sinn. Dat kënnt doduerch, well déi meescht Haiser vun der Minièresgesellschaft opgeriicht goufen, an d'Gemeng ni am Besëtz vun de Pläng war.
Geschichtleches
Mont-Bonvillers setzt sech zesummen aus den zwou Uertschafte Mont a Bonvillers.
- 1493 kruten déi zwou Uertschaften hire Fräiheetsbréif.
- Géint 1700 gouf et an den zwéi Dierfer 10 respektiv 14 Haiser.
- 1844 gouf Mont vun der Gemeng Landres ofgespléckt a gouf 1847 u Bonvillers ugeschloss.
- 1877 ginn an der Gemeng 240 Awunner gezielt.
Kuckeswäertes
Kuckt och