Eng Monstranz (vu lat. mostrare - "weisen") ass e konschthandwierkleche Géigestand an deem eng konsekréiert Hostie kann ausgestallt ginn. Dës gëtt mat Hëllef vun enger Halterung (Lunula) gehalen a senkrecht an déi gliese Kummer vun der Monstranz gestallt.
Jee no Form ënnerscheet een:
Stralemonstranze: vun der Hostie an der Mëtt gi Strale wéi bei der Sonn aus,
Tuermmonstranzen: d'Hostie steet an engem Montage deen un eng goteschKathedral erënnert.
Ostensorium gëtt heiansdo synonym zu Monstranz gebraucht, mä a Wierklechkeet handelt et sech ëm eng kleng Form vu Monstranz, déi sech op en dekorative Bord ronderëm d'Hostie reduzéiert an och kaum e Stack huet. Den Iwwergank tëscht Monstranz an Ostensorium ass natierlech fléissend.