Monopteros

Schematesche Grondrëss vun engem Monopteros

E Monopteros (vum Algriichesche ὁ μονόπτερος - μόνος monos „nëmmen, eenzeg, eleng“, a pteron "Flillek"; Plural Monopteroi, oder Monopteren) ass e Gebai mat Sailen, dat e ronne Grondrëss huet. Uewendrop ass en Daach, tëscht de Saile sinn Duerchgäng.

An der Antiquitéit waren d'Monopteroi ë. a. eng Zort Baldachin fir e Kultbild (gewéinlech e Monument oder eng Statu).

Am Barock an am Klassizismus gouf et e beléift Baumotiv a Landschaftsgäert a Parken.

E puer Monopteren

Literatur

  • Ingrid Weibezahn: Geschichte und Funktion des Monopteros. Untersuchungen zu einem Gebäudetyp des Spätbarock und des Klassizismus. Hildesheim 1975, ISBN 3-487-05764-6. Online: [1] (Google Books)

Um Spaweck

Commons: Monopteros – Biller, Videoen oder Audiodateien