Mir wëllen iech ons Heemecht weisen ass e Veräin ouni Gewënnzweck, deen am Oktober 2015 gegrënnt gouf a säi Sëtz zu Miersch huet. De Motto vum Veräin ass "Éiert mir eis géigesäiteg respektéiere kënnen, musse mir eis kenneléieren".[1]
D'A.s.b.l. wëll den interkulturellen Dialog ureegen, andeems d'Lëtzebuerger den Auslänner, déi hei liewen, hir Kultur weisen an ëmgekéiert. Si organiséiert kulturell Manifestatiounen an Ateliere fir déi lokal Bevëlkerung a fir Flüchtlingen, uechter d'Land an och a Flüchtlingszentren.
Grënnungsmembere sinn de Serge Tonnar, d'Rita Neu, d'Sabine Tonnar an de Misch Donven.
Den Numm ass en Zitat aus dem Lidd De Feierwon vum Michel Lentz.
Aktivitéiten
- Kënschtleresch Projete fir Kanner an Elteren
- Concerte vu bekannte lëtzebuergesche Museker
- Dammentour (Danzowenter fir Fraen)
- Interkulturell Noperschaftsfester
- Kënschtleresch Atelieren
- Kulturausflich
- Interkulturell Kachatelieren
- Participatioun bei kulturelle Projeten
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ Den Originalmotto ass op Englesch formuéiert: "Before we can respect each other, we have to know each other".