Déi 111. Editioun vu Milano-Sanremo gouf 2020 den 8. August gefuer. D'Course goung iwwer eng Distanz vun 305 km, an de belsche Coureur Wout van Aert konnt d'Course fir sech entscheeden, virum Julian Alaphilippe a Michael Matthews.
Vun 162 Coureuren um Depart goufen der 149 op der Arrivée gezielt.
Den eenzege Lëtzebuerger um Depart war de Bob Jungels, dee mat engem Retard vu 5 Minutten a 5 Sekonnen als 73. iwwer d'Arrivée gefuer ass.