Mierscher Theater

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gebai „Mierscher Theater“. Fir de Veräin, deen d'Gebai geréiert, kuckt wgl. Mierscher Theater (Veräin).
Mierscher Theater
De Mierscher Theater (2014)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Miersch
Plaz Miersch
Adress 65, Rue Grande-Duchesse Charlotte
Koordinaten 49° 44’ 53.23’’ N
      6° 06’ 16.45’’ O
Statut Kulturzentrum
Proprietär Gemeng Miersch[1]
Agank an de Mierscher Theater

De Mierscher Theater (virum Oktober 2024: Mierscher Kulturhaus) ass e multidisziplinäre Kulturzenter zu Miersch deen der Mierscher Gemeng gehéiert. D'Gebai läit op N° 53 an der rue Grande-Duchesse Charlotte (CR102).

Den 18. Oktober 2003 gouf d'Asbl Maison de la Culture Mersch gegrënnt mam Optrag fir all Zort Konscht a Kulturen op lokalem, regionalem an nationalem Niveau ze fërderen an dat regionaalt Mierscher Kulturhaus z'exploitéieren an ze geréieren[2]. De 4. Oktober 2024 gouf bei enger aussergewéinlecher Generalversammlung decidéiert fir d'Asbl an och d'Haus a "Mierscher Theater" ëmzebenennen.

D'Programmatioun an d'Exploitatioun vum Mierscher Theater mécht eng Ekipp vun administrativen an technesche Mataarbechter ënnert der Leedung vum Direkter Claude Mangen.

D'"Matbewunner" am Gebai sinn d'Mierscher Geschichtsfrënn[3], d'Mierscher Musek[4], den FC Marisca Miersch[5] deen do seng Vestiairen huet[6], grad ewéi den Nationale Jugendorchester Lëtzebuerg (Orchestre national des jeunes du Luxembourg, ONJ)[7].

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Mierscher Theater – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Parzell 363/7221, Proprietär = « Mersch, la Commune », nogekuckt op act.public.lu de 25.11.2024
  2. RCS: F367: Statuten (Art. 2) vum 18. Oktober 2003, op lbr.lu
  3. RCS: F5287, fréier "Les amis du vieux Mersch"
  4. RCS: F876
  5. RCS: F11296
  6. (fr)Cohabitants. Mierscher Theater Archivéiert de(n) 04.03.2015. Gekuckt de(n) 25.11.2024.
  7. RCS: F13256